Wien ech sinn…

Ech si gebuer den 23. Juli 1955 zu Esch-Uelzecht a war, ënner anerem, Eisebunner, Patron vun enger Computer Firma, Journalist an duerno parlamentareschen Attaché vun der ADR. An der Pensioun produzéiert ech Dokumentairen ënnert dem Logo „4K Films Lux“.

Als Jong vum Mimi a Jules Kleeblatt sinn ech zu Esch-Uelzecht op d‘Welt komm an hunn en Deel vu ménger Jugend am Internat vum Athénée royal zu Baaschtnech verbruecht.

Mat 15 Joer sinn ech op d’Eisebunn als „élève d’exploitation“ an d‘Léier gaangen an hunn duerno an de Garë vun Esch, Beetebuerg, Diddeleng, Bierchem a Bieles geschafft.

Nieft dem Beruff als Eisebunner war ech Korrespondent fir de Républicain Lorrain, souwuel an der Locale wéi och am Sport (Autosport, Motocross, Kampfsportarten).

Spéider hunn ech de Computer entdeckt. Mat engem eegene Comptabilitéit a Paie Programm ass d‘Firma Softlux gegrënnt ginn déi bis zou fënnef Leit beschäftegt hat.

Wéi d’Firma 1999 an d’Bréch gaangen ass sinn ech haaptberufflech bei de „Républicain Lorrain“ schaffe gaangen, duerno an de „Le Quotidien“ gewiesselt wéi dësen am Hierscht 2001 gegrënnt ginn ass.

Am Républicain Lorrain a spéider am Quotidien hunn ech haaptsächlech iwwer Politik a Soziales geschriwwen. Am Quotidien hat ech och eng reegelméisseg Autossäit (all Mëttwoch).

An der Pensioun hunn ech als “Auditeur libre” Coursen an der Geschicht an der Lëtzebuerger Sprooch op der UNI Lëtzebuerg besicht. Duerno hunn ech eng Formatioun als Touristeguide fir de Süden (ORT Redrock) an den Zentrum (ORT Guttland) matgemaach a maache reegelméisseg Guidagen.

D’Realisatioun vun ADR-Tëlee am Fréijoer 2019 fir den .DOK huet mech op d’Iddi bruecht fir e selbstännege Youtube Kanal mat Dokumentatiounen iwwert Evenementer zu Lëtzebuerg ze realiséieren.

Ech si Papp vun zwee Kanner, dem Sven an dem Angie.

Ech hu vill Hobbyen woubäi de Moto op aller éischter Stell steet. Donieft maachen ech mat Begeeschterung Fotoen a Reese gären.

Zanter ville Jore sinn ech Baha‘i.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *