Wie sinn ech?

Ech sinn den 23. Juli 1955 zu Esch-Uelzecht gebuer an hunn  ënner anerem op der Eisebunn geschafft, war  Chef vun enger IT-Entreprise, Journalist an duerno Attaché parlementaire bei der ADR. Aktuell pensionéiert produzéieren ech Dokumentarfilmer ënner dem Logo « 4K Films Lux ».

Als Jong vum Mimi a Jules Kleeblatt,  sinn ech zu Esch-Uelzecht gebuer an hunn en Deel vu menger Jugend um Internat vum  Athénée  Royal zu Baaschtnech (Belsch) verbruecht.

Mat 15 Joer sinn ech als « élève d’exploitation » bei der Eisebunn gaang an hunn dunn op de Gare vun Esch-Uelzecht, Beetebuerg, Diddeleng, Bierchem a Bieles geschafft.

Nieft dem Beruff vum Eisebunner war ech Korrespondent fir d’Lëtzebuerger Editioun vu Le Républicain-Lorrain, souwuel lokal wéi och fir d’Sportsektiounen (Motorsport, Motocross, Kampfsport).

Méi spéit hunn ech de Computer entdeckt. Nodeems ech e Comptabilitéits- a Salairsprogramm geschriwwen hat, hunn ech d’Firma Softlux gegrënnt.

Wéi d’Firma misst opgeléist ginn, hunn ech Vollzäit fir de « Républicain Lorrain » geschafft, duerno sinn ech an d’Zeitung « Le Quotidien » gewiesselt, wéi se am Hierscht 2001 gegrënnt gouf. Fir dës zwou Publikatioune war ech haaptsächlech mat de Rubricken « Politik » a « Sozial Affären » beschäftegt. Beim Quotidien hunn ech déi wéchentlech Säit geréiert, déi Autoen a Motorrieder gewidmet ass.

Wéi ech an d’Pensioun gaange sinn, hunn ech Geschicht a Lëtzebuergesch Coursen op der Uni Lëtzebuerg als Auditeur libre gemaach. Duerno sinn ech als Touristeguide fir de Süden (ORT Visit Minett) an den Zentrum (Visit Guttland) ausgebilt an ech schaffe reegelméisseg als Guide. Ech begleede reegelméisseg Touristen, haaptsächlech am Musée National des Mines zu Rëmeleng an am Minettpark (Fond-de-Gras, Lasauvage).

D’Produktioun vun engem Televisiounsprogramm fir d’ADR vum Fréijoer 2019 um .DOK (“Bierger”-Kanal) huet mech dozou bruecht en onofhängege YouTube-Kanal ze grënne fir verschidden Dokumentarfilmer iwwer Eventer am Grand-Duché ze produzéieren.

Ech sinn de Papp vun zwee Kanner, de Sven an d’Angie. Nodeems ech dräi ukrainesch Famille gehollef hunn op Lëtzebuerg ze kommen, sinn ech Ersatz Bopa fir 5 Kanner vun 2 bis 15 Joer ginn. Déi eelst vun dësen ukrainesche Kanner maachen elo de ‘4K Films Lux « Filmteam » aus.

Ech hu vill Hobbyen dorënner Motorradfueren an elo ass en 1967 VW Käfer Stolz. Ech maachen och gär Fotoen a reese begeeschtert.

Zënter menger Jugend sinn ech Baha’i